Een Interview mam Serge Tonnar

Iwwert déi läscht Méint huet keen Thema d’Welt méi beschäftegt wéi déi global Pandemie vum Coronavirus. All Beräicher vun eiser Gesellschaft hu sech mussen den Erausfuerderunge vun der Kris stellen. D’Nationalbibliothéik huet an dësem Kader eng Kollektioun fir de lëtzebuerger Webarchiv gestart, fir déi verschidden Aspekter an Auswierkunge vun der Coronakris um Internet anzefänken. Och wann d’Kollektioun nach net ofgeschloss ass, wier et un der Zäit fir éischt Resultater vun dëser Campagne ze weisen. Mir wëllen de Lieser awer net just mat Zuelen a Statistiken iwwerfale, mee och mat Leit schwätzen déi an hirem Beräich besonnesch aktiv ware wärend der Kris. Dowéinst hu mir beim Serge Tonnar nogefrot, wéi hien déi lescht Méint erlieft huet, wéi seng Aarbecht online virugaangen ass, a wéi seng Astellung zu soziale Medien ausgesäit.

Photo © Jean Huot/Ed.Binsfeld

Quasi vun engem Dag op deen aneren sinn 99% vun eisem Beruffs-a Sozialliewen op den Internet verluegt ginn. Wéi grouss war dës Ëmstellung fir dech?

Als éischt war d’Ëmstellung mol net direkt online, mee einfach doheem ze sinn. Duerno huet et ugefaange sech alles op online eriwwer ze schalten. Ech schaffe selwer als Kënschtler scho laang mat online Technologien, mat Museksproduktiounen déi online verlafen, mengem Youtube-Kanal säit 13 Joer – ech hunn also ganz vill iwwer Internet geschafft, sou dass et fir mech keng ganz grouss Ëmstellung war an där Zäit. Ech hu verschidde Projete lancéiert, well d’Bünekonscht komplett ausgestuerwen ass. Do hunn ech probéiert Projeten ze starten déi iwwert den Internet de Leit kënne live Konscht bidden an de Kënschtler doduerch Aarbecht verschafen. Dowéinst hunn ech vill méi Zäit online verbruecht wéi virdrun. Dunn huet dat ugefaange sech e bëssen anzebiergeren, dass jiddereen op eemol vun doheem aus geschafft huet, an dunn hunn d’Zoom Meetingen ugefaangen.

Hues du dat positiv oder negativ ëmfonnt?

Ech mengen dat huet wéi alles seng Vir- an Nodeeler. Virdeeler sinn: du brauchs dech net méi ze deplacéieren, dat ass deelweis méi ekologesch a spuert vill Zäit, awer op der anerer Säit, huet een deemools och gesi wou den Internet an d‘Email agefouert gi sinn, dass et erméiglecht huet méi séier ze schaffe, mee lues a lues gëtt och vun dir verlaangt dass de vill méi séier schaffs. Fréier hues de ee Bréif geschriwwen, dann hues de deen op d’Post bruecht, da gouf e verschéckt, hues 2 Deeg gewaart, dann huet deen aner dat gelies, an da krut ee wann alles gutt gaangen ass no enger Woch eng Äntwert. Haut ginn d’Leit nervös wa se no 10 Minutte keng Äntwert op e Mail hunn. Dat ass een Nodeel, dass een amplaz Zäit ze spueren, d’Lued vun der Aarbecht multiplizéiert. Sou wéi ee fréier 2 Versammlungen hat, eng moies an eng mëttes, huet een der haut 5, 6 oder 7 den Dag, an do fänkt et un ongesond ze ginn.

Op Tonnar.lu beschreiws du dech als „Stëlltefëller“. Och d’Initiative vu Maskénada, mat Live aus der Stuff an dem KUK, de Kulturkanal, hunn dozou bäigedroe Lücken ze fëllen. Staamt de Besoin vun dëse Plattformen eleng aus der Coronakris, oder gouf et dës Lücken um lëtzebuerger Web och ewell virdrun?

De Besoin huet sech an der Quarantaine ze spiere ginn. Do hu mer gemierkt: Ok, lo ass näischt anescht méi méiglech, an do hunn ech mat Live aus der Stuff ganz séier probéiert eppes ze fannen, wat och ënnert deene strenge Konditiounen ze maache war. Jiddereen huet missen doheem bleiwen, du konns och kengem een Techniker heem an d’Stuff schécken, oder Kameraleit fir eng Produktioun ze maachen, sou dass dat einfach mam Kënschtler sengem Handy, iwwer Facebook bei d’Leit heem gesent gouf. Dat hat een enormen Erfolleg, deen ech mer net sou erwaart hat, mee dat huet och nach aner Saache gewisen, déi och no der Kris wichteg sinn a virdrun iwwerfälleg waren: nämlech d’Accessibilitéit vun der Kultur iwwert den Internet. Mir versichen elo verstäerkt eis kulturell Inhalter online ze produzéieren, diffuséieren a selwer ze kontrolléieren. Dat heescht net nëmmen seng Saachen op Youtube, Facebook oder aner Internet-Giganten ze stellen. Doraus ass de Kulturkanal gewuess.

Een neien Accès fir de Publikum?

Et geet dorëms d’Leit ze erreechen a Kultur ze demokratiséieren, well hei all Mënsch kann nokucken deen sech net onbedéngt kann een Abonnement an der Philharmonie leeschten. Do hu mir gemierkt, dass d’Leit iwwert deen dote Wee, nei Kënschtler a Konschtforme fir sech entdeckt hunn – direkt vum Kënschtler bei de Publikum, ouni Ëmweeër, Zensur, ouni Organisateur, ouni Kultur-Infrastrukturen oder een aner deen e Choix mécht. Réischt nodréiglech ass mir opgefall, dass dat bei mir schonn um Ufank vu menger Carrière de Fall war, mat mengen éischten 2 Alben op Lëtzebuergesch 2003 an 2008. Do huet een du misse kucken, dass engem seng Lidder um Radio gespillt ginn, an do gouf ech ignoréiert, voire boykottéiert, an dann hat ee wéineg Chancen. Eréischt wou ech ugefaangen hunn op Youtube an op Facebook ze goen huet dat een Erfolleg kritt, wells de hei direkt un de Publikum kënns. An der Musik kenne mir de Phänomen scho laang, op mannst säit 15 Joer, an et ass och ganz kloer, dass déi, déi am meeschte Succès online hunn, och duerno déi meeschte Leit virun der Bün am Publikum stoen hunn. Et ginn awer ganz aner Kultur-Secteuren, déi dat elo réischt entdecken, wéi den Theater, de ganze Spectacle vivant, oder och di klassesch Musék, well een hei méi retizent war an no Code funktionéiert huet, déi elo net méi gülteg sinn. Och déi hunn elo entdeckt, dass si mussen dat Digitaalt ausnotzen a benotze fir un d’Leit ze kommen. Lo wësse mir nach net wéi alles weidergeet, mee op jidde Fall ass wärend der Kris ee Besoin entstan fir dem Publikum op eng originell an direkt Aart a Weis, Kultur gratis zur Verfügung ze stellen. Dobäi muss ee soen, dass et och vill monetiséiert Approche gëtt, mee et muss een och de Leit kënne Saache schenken, an och dat maache mir Museker scho ganz laang. Mat engem Youtube Video verdéngs de näischt, ausser du géings Millioune mol gekuckt ginn, mee fir ee lëtzebuerger Kënschtler kënnt dat jo kaum a Fro. Du weess awer och, dass de eppes zeréckkriss, duerno wann se op däi Concert kommen a wa se vläicht deng CD kafen.

Gratis Accès op Kultur: Géifs du soen et huet sech och eppes un der Wäertschätzung vum Publikum geännert? Huet Kultur een anere Stellewäert an eiser Gesellschaft gewonnen?

Déi emotional Wäertschätzung war bei Live aus der Stuff iwwerwältegend: Wou d’Leit hei di éischt Concerte mat ganz einfache Mëttel an Technik heemgeschéckt kruten, an Tréine gekrasch hu vu Freed, well op eemol dat Gemeinschaftsgefill nees do war. Och d’Wäertschätzung vun de lëtzebuerger Kënschtler ass enorm an d’Luucht gaangen an d’Leit hu richteg dono gefrot. Dat huet een dunn och an de Medie gesinn, wou et op eemol Spezialsendunge gouf, wou ee virdrun huet ëmmer missten heesche goen, fir iwwerhaapt wouergeholl ze ginn. Also ass d’Wäertschätzung an d’Luucht gaangen, och wann d’Leit näischt hu missten dofir bezuelen. Och wann ee muss fir eppes bezuelen, ass dat net de Garant dofir, dass dat méi ee groussen Impakt oder kulturelle Wäert hätt. D’Leit wiere bereet gewiescht eppes ze bezuelen, wéi bei Live aus der Stuff ganz oft d’Fro komm ass, an d’Äntwert war: Nee et ass gratis, get used to it! Dat sinn d’Lëtzebuerger oft net sou gewinnt. Wat näischt kascht, ass och näischt. Mee dofir ginn et aner Weeër fir Kënschtler ze ënnerstëtzen, an och do gëtt et online nach vill Progrès ze maachen. Vläicht schonn nächst Joer iwwert de Kulturkanal, iwwert eng direkt Patroniséirung vun eenzele Kënschtler, wou ee ka vum Fan zum Sponsor ginn. Sou Forme ginn am Ausland deelweis scho benotzt an ech denken dass de Publikum bereet ass op déi Aart a Weis ze ënnerstëtzen, wa jidderee ka ginn wat e wëll, och wann een net vill Suen huet.

Dem Kënschtler seng Kontroll iwwert säi Contenu um Web ass och ee wichtegt Argument fir Webarchiven. Wa muer d’Plattformen op deene mir eis beweegen a presentéiere verschwannen, ass och de Contenu vun engem Dag op deen anere fort. War et ee bewosste Schrëtt fir sech vu Facebook fort ze beweegen op de Kulturkanal?

Jo, et goung dorëms eng eege Plattform ze hunn. Wéi laang déi allerdéngs wäert halen ass och net sécher. De Moment hu mir eng Garantie fir e Finanzement vu 6 Méint, a wann et duerno net weider geet, da war et dat. Méi wichteg war et awer fir eis, fir d’Kontroll iwwert de Contenu ze behalen ouni zenséiert ze ginn. Mir hate Problemer op Facebook, wou Firme wéi Sony oder Warner Music mengen ze erkennen, dass wann de Jean Müller live aus senger Stuff spillt, dass dat hinne géing gehéieren. Da gëtt duerch en Algorithmus de Contenu mol direkt blockéiert. Da muss ee selwer mol beweisen, dass een onschëlleg ass an net ëmgedréint. Sou Situatioune wollte mir net méi hunn, awer mir streamen nach weider iwwer Facebook, well do sinn d’Leit an de Programm soll populär bleiwen, fir d’Leit ze erreechen. Wa mir awer op Facebook géife blockéiert ginn, leeft de Kanal weider op eiser Säit, wou een och duerno all d’Videoe kann nokucken. Iwwert den Archivage dergéint, maachen ech mir ganz wéineg Gedanken. Ech si Kënschtler a keen Archivist. Als Kënschtler maachen ech live Konscht op der Bün, fir de Moment, deen och direkt erëm fort ass. Genau esou halen ech et mat mengen Archiven. Wa se fort sinn, si se fort. Vläicht gesinn ech dat anescht, wann ech méi al sinn.

Wann ee wéilt Leit aus der Zukunft, eis Gesellschaft vun haut iwwert den Internet verständlech maache: Wéi wichteg wieren dofir sozial Netzwierker?

Facebook ass op alle Fall déi interessantste Plattform, well hei Diskussioune, Streidereien a Polemike stattfannen, wärend op Twitter just kleng Sätz verdeelt gi, fir kuerz a séier op eppes ze reagéieren. Instagram ass méi een ästhetescht Format, wou och net vill diskutéiert gëtt. Ech géif menge fir een Historiker misste Facebooksäiten am interessantste sinn. D’Leit missten hier eege Säiten och méi oft selwer ofspäichere, respektiv de Zougang zu hirem Konto nom Doud reegelen.

Wéi eng Themeberäicher missten am Webarchiv representéiert sinn?

Als Kënschtler géif ech wichteg fannen alles opzefänken a festzehale wat Kreatioune sinn. Awer och méi alternativ Stréimungen, well déi bekannte Saache gi souwisou op déi eng oder aner Manéier archivéiert. Et muss och fir de Kënschtler sou einfach an direkt wéi méiglech sinn, fir seng Saachen ofzeginn, an ze wëssen u wien ee sech wende soll.

Du bass vill aktiv op Facebook, net nëmmen als Kënschtler, mee och als Persoun déi oft Stellung hëlt zu verschiddene Gesellschaftsthemen. Wann ee géif op de Serge Tonnar am Webarchiv zeréck kucken, ginn et do Beräicher déi een trenne misst, oder gehéiert alles zu engem Ganzen?

Dat ass eng philosophesch Fro. Iwweregens hunn ech mäi privaten Account lo grad nees desaktivéiert, well ech e bëssen Entzuch brauch vun dem Ganzen. Wann een an der Ëffentlechkeet steet, ass et schwéier op sozialen Netzwierker dat Privat vum Berufflechen ze trennen. Am Ufank mengt een: Mäi Profil, dat sinn ech privat, a meng Page, dat sinn ech als Kënschtler. Ma ganz séier mierkt een, dass, wann een d’Limite vu 5000 Frënn erreecht huet, een déi jo net all kennt, an dat sinn och net deng Frënn, also ass een net méi an der Privatsphär. Du muss dech also do iergendwann total trennen, tëscht der ëffentlecher Persoun an der wierklecher Privatpersoun, déi d‘Leit guer net kennen. D’Leit projezéiere Saachen op dech, souwuel positiv wéi negativ Virurteeler, an oft entsti Polemiken, wou ee perséinlech beleidegt an ugegraff gëtt, och ënnert der Gürtellinn oder mat heftegen Drohungen. Wanns du dech dann nach mat dem Serge Tonnar identifizéiers deen do als virtuell Persoun ass, da kriss de Problemer a packs dat net méi. Bei mir war dat iergendwann ee radikale Broch deen och zimmlech befreiend ass, a wou een iwwert deenen negative Saache steet. Dowéinst géif ech soen: Sozial Netzwierker a Privatliewen, ginn einfach net mateneen. Egal ob een an der Ëffentlechkeet steet oder net.